A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Teenagers’Break

02-11-2019

Wéi et scho zanter puer Joren Traditioun ass, hunn och dëst Joer eis Jugendlecher erëm den T’Break organiséiert.

D’Jugendlecher hunn wärend 2 Deeg allerlee Gebäck selwer gemaach, wéi Cake-Pops, Kuch oder och Muffin, an un engem Samschden-Nomëtteg den Elteren an den Leit aus dem Quartier Gaasperech presentéiert. Den T’Break huet fir en flotten Echange tëschent Jugendlecher, Elteren an soss Bewunner vum Quartier gesuergt.

Am Groussen an Ganzen war et fir Grouss an Kléng en gelongen an gemittlechen Nomëtten.