A+
A
A-

Maisons des Jeunes Gasperich et Sandweiler – “Europe Between The Lines” Lëtzebuergesch Ambassade zu Bréissel

16-01-2020

Leschten Donneschden waren d’Jugendheiser Gaasperech a Sandweiler mat ronn 160 Schüler aus verschiddene Lycéeën ob Bréissel fir en Dag ze verbréngen ënnert dem Thema “Europa”.

Déi Jonk, konnten zesummen den Hémicycle entdecken an an engem interessante Quiz mat Froen iwwert Europa matmaachen. Esou wéi och de Parlamentarium besiichtegen, wou vill verschidde Säll mat interaktive Spiller ze gesi goufen: d’Jugendlecher konnten do hiert Wëssen iwwert den Opbau vun Europa erweidere respektiv opfrëschen.

Méi spéit am Dag, goung et da weider an d’Lëtzebuerger Ambassade, wou de Vernissage vun der Expo “Europe Between The Lines” stattfonnt huet. An de leschte Méint haten déi Jonk aus dem Jugendhaus Gaasperech en Projet ronderëm Thema « Citoyennetéit, Europa a Kultur » gestart: „Europe Between The Lines“ hat en grousse Succès, net nëmme bei de Jugendlecher, mee och beim Public. Nodeems d’Expositioun an der “Maison de l’Europe” ausgestallt gouf, wéi och am Tramsschapp an am Trifolion : hei wärend dem “Dialogue citoyen” wou de Här Premier Minister Xavier Bettel an de Präsident vun der europäescher Kommissioun Jean-Claude Juncker mat de Matbierger iwwert Europa diskutéiert hunn; koum d’Expositioun dunn an d’Lëtzebuerger Ambassade ob Bréissel. Déi Jonk hunn sech immens ob dësen Dag gefreet a waren houfreg, dat d’Expo et bis iwwer d’Grenz gepackt hat. Wärend dem Owend goufen et dann och Prestatioune vu Jonker, déi hiert Talent ënner Beweis stelle konnten. Et gouf gedanzt a gesongen, an déi Jonk goufe mat vill Applaus empfaangen.

Am Groussen a Ganze war et en gelongen Dag mat interessante Visitten, flotten Echangen a sécherlech huet dat di Jonk méi no vun hirer europäescher Identitéit bruet.

D’Ambassade huet d’Gedrénks an d'”catering” offréiert an d’Représentation de la Commission européenne au Luxembourg huet den Transport vun véier Bussen finanzéiert.

E grousse Merci un d’Madamm l’Ambassadeur vir hiren Accueil an un d’Madamm Backes, chef de la Représentation de la Commission européenne au Luxembourg, déi de Projet initiéiert huet.