A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – All4One

10-12-2019

Eisen Projet All 4 One, mir sammelen fir en gudden Zweck, hat groussen Zoulaf an der Gemeng. Vill Matbierger aus der Gemeng Sandweiler hunn eis Saachen laascht bruecht fir datt mir eis Këschten fëllen konnten. Den 19. November koum den Schäfferot, Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz an hier Schäffen Jean-Paul Roeder an Romain Dumong, an Jugendhaus op Besuch an hunn eis ganz vill flott Saachen iwwerginn fir et den Léit op der Strooss an dëser kaler Joreszäit méi waarm ze maachen. Mir soen hinnen villmools Merci fir deen léiwen Geste. Kleeserchersdag, den 6. Dezember sinn mir dunn mat Jonker an eis Wanteraktioun gefuer fir den Léit Këschten ze iwwerbréngen. Kleeder hunn mir bei Stëmm vun der Strooss gedroen, déi sech immens doriwwer gefreet hunn. Jugendlecher an mir kruten dunn nach eng Visitt vun hirer Struktur gemaach an erkläert, wéi si schaffen.