A+
A
A-

Zesummen kachen, lëtzebuergesch schwätzen an Initiativ ergräifen…

21-11-2017

No der Summerpaus an der Rentrée 2017, huet eisen Projet « cuisinons ensemble » erëm frësch duerchgestart. Dës kéier huet d’Fatima eis mat an déi marokkanesch Kichewelt geholl. Zesummen mat de Léit aus dem Quartier, si mir em Fatima sengen Uweisungen nogaange, an hu verschidden fantastesch Tajinen gezaubert. Et gouf eng Tajine mat Poulet, eng mat Schoofsfleesch, an och eng vegetaresch Versioun huet net gefeelt.

Mam Lëtzebuerger Cour, ass am Oktober e weidere Projet lancéiert ginn, deen  vun eisem Service organiséiert an vu Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région ennerstetzt gëtt. All Méindes Owes vun 18.30-20.00 Auer fënnt dësen an de Raimlechkeeten vun der Escher Kannervilla statt. Besonnesch attraktive as dëse Cours fir Léit mat Kanner, well hei eng Garde d’enfant garantéiert gëtt. De Cour ass, wéinst der grousser Nofro, fir dëst Joer komplette

Duerch d’Initiativ vun enger Damm, déi am Quartier schafft an reegelméisseg eis Aktivitéiten besicht, ass d’Iddi entstanen en orientaleschen Beauté Owend z’organiséieren. D’Madamm mécht hier Produit’en fir d’Haut ze fleegen selwer, an engagéiert sech fir zesummen mat de Léit aus dem Quartier, en Atelier op d’ Been ze stellen. Sie fënnt et wichteg hiert Wëssen weider ze ginn, a sech ënnert eneen auszetauschen. Fir eis als Travail social Communautaire as dëst eng wichteg Opportunitéit fir d’Léit ze ënnerstëtzen an ze motivéieren, Initiative ze agräifen

Dësen Atelier fënnt deemno den 25.10.2017 um 18Auer am Biergerhaus zu Esch statt.

Umellen kann een sech ënnert ensemblealeschbrillgrenz@inter-actions.lu oder per Telefon 621357733