A+
A
A-

Maison des jeunes Neudorf – Visitt vum OUNI an Zero Waste Workshop

23-03-2018

 

Den 23. Mäi hunn déi Jonk d’Erfarung gemaach mol eng Kéier ganz anescht anzekafe wéi se dat gewinnt sinn. Effektiv kann een am OUNI an der Rue Glesener, mat sengen eegene Behälter higoen an déi mat der genauer gebrauchter Quantitéit opfëllen. D’Liz Paulus huet eis ganz léif empfaangen an eis d’Konzept vun dëser Cooperative méi genau erkläert.

 

De Samschden drop koum D’Tania Gibéryen, Grënnerin vum Projet Sila.lu, deene Jonke weise wéi ee mat ganz einfache Basisproduiten wéi Bakpolver, Kokosnossueleg an Esseg, kann Deo, Zahnpasta, Botzmëttelen hierstellen an esou verschidde Verpackungen evitéieren déi eis Ëmwelt verschmotzen.