A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Sunday Brunch

14-10-2018

 

De Sonndeg, de 14. Oktober hunn déi Jonk aus dem In Move sech an hirem Jugendhaus getraff fir zesummen ze brunchen an iwwert d’Aktivitéiten a Projet’en ze schwätzen déi si gäre wéilte realiséieren. Si hunn sech och d’Fro gestallt wou hier Kleeder hierkommen a wat fir Konsequenzen de sougenannte „Fast Fashion“ huet. Dobäi hu si sech iwwerluecht wéi si deem Problem an hirem Jugendhaus kënnen entgéintwierken. Sou denken si iwwert d’Iddi no e Kleeder-Tausch-Evenement am Jugendhaus ze organiséieren.