A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Seniorechrëschtfeier

23-12-2019

Wéi och schonns 2018 huet Jugendhaus Sandweiler mat vill Freed un der Seniorechrëschtfeier vun 2019 deel geholl. Des Chrëschtfeier gëtt organiséiert vun der Intergenerationeller Kommissioun vun der Sandweiler Gemeng. Eis Jonker hunn si deen Owend ënnerstëtzt andeems se beim Service gehollef hunn. Dëst huet den Senioren vun der Gemeng Sandweiler erméiglecht een flotten Owend ze hunn bei Danzmusek, engem gudden Maufel an engem Pättchen. Den Owend stoung ënnert dem Motto vun Spaass, Freed an dem Austausch zweschent jonk an al. Mir soen eisen Jonken en groussen Merci fir hiert Engagement. 😊