A+
A
A-

Maison des jeunes Bonnevoie – Rou a Fridden Tina!

01-03-2018

Léif Tina,

ganz plëtzlech an vill ze fréi hues du eis verlooss.  Du warst eng groussaarteg Persoun mat engem aussergewéinlechen Charakter. Du hues dech net nëmmen wonnerbar em deng Kanner gekëmmert, mee warst Hëllefsbereet an has ëmmer een oppen Ouer fir deng Matmënschen. Deng Barmhäerzegkeet an Empathie waren deng Qualitéiten wou du virbildlech virgelieft hues. Du bass eis alleguer duerch deng sympathesch an léif Aart a Weis an d’Häerz gewuess. Du bleiwst eis an beschter Erënnerung, virun allem mat dengem Humor hues du gutt Laun verbreet. Du warst eng Beräicherung fir d’Jugendhaus Bouneweg. Mir vermessen dech. Rou a Fridden Tina!