A+
A
A-

Ensemble Al Esch Brill Grenz – Quiz(inons) ensemble

05-04-2017

ki32Den 5. Abrëll huet eisen Service, Ensemble Al Esch Brill Grenz, op déi 3ten Editioun vum Projet “Cuisinons ensemble “invitéiert. Mat eiser « Chef de cuisine » Eulalia, sinn mir akafen gaangen an hunn an der Kichen vum Biergerhaus zesummen mat den Awunner aus den Quartieren geschnëppelt an gekacht.

ki24Dës Kéier huet déi kulinaresch Rees eis op den Cap vert gefouert, wou d’ Eulalia eis en wonnerbaren Bacalhau no forno gezaubert huet.

Ënnert dem Motto « QUIZ(INONS) ensemble », huet et sech gutt schmaache gelooss. Jiddereen krut en Autocollant op d Stir mat engem Déier drop, an et huet een dëst missen roden. Doduerch ass eng lëschteg Ambiance entstanen an den leeschten huet missen spullen… Sorry un den Dinosaurier.

Mir freeën eist op déi nächsten Editioun, déi den 10.Mee 2017 wäert stattfannen.

 

 

 

ki19 ki17 ki14 ki22 ki12 IMG_9507 ki34 ki30 ki28 ki9 ki26 ki33 ki36 IMG_9508 IMG_9518 ki p ki1 ki2 ki3 ki5 ki4 ki6 ki13 ki7 ki15 ki20 ki16