A+
A
A-

Maison des jeunes Gasperich – Open Air Cinéma

06-09-2019

Wéi all Joer huet d’Jugendhaus Gaasperech erëm den Open Air Cinéma organiséiert.

Ob engem Freiden, de 6 September, konnte souwuel d’Jugendlecher, ewéi och d’Läit aus dem Quartier bei enger gudder Ambiance en Blockbuster ob enger grousser Leinwand kucken.

De Film „Demain tout commence“ vum Regisseur Hugo Gélin ass beim Publik gutt ukomm an huet eng 50 Visiteuren ugezunn. Am Grousse an Ganzen war et also en gelongen Owend ob dee mir eis och erëm nächst Joer freeën.