A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Noperschaftsfest

07-06-2019

Den 07. Juni huet „Noperschaftsfest“ (fête des voisins) zu Lëtzebuerg statt fonnt. Jugendhaus huet seng Noperen aus der Rue Nic Welter bei sech agelueden fir een flotten Nomëtten ze verbréngen. Zesummeliewen an enger Gemeng geet mat enger gudder Bezéiung zu den Noperen un. Sou hunn eis Jonker fir d‘Noperen gegrillt an Zaloten an Kuch virbereet. Den Nomëtten stoung ënnert dem Motto vum Austausch, sech kenneléieren, Spaass hunn an der Isolatioun vun eenzelen Léit entgéintzewierken. Besuch haten mir vun eiser Buergermeeschtesch Madamme Simone Massard-Stitz an den Schäffen Jean-Paul Roeder an Romain Dumong. Mir soen all den Léit Merci fir hiren Besuch an mir freeën eis drop, Iech nächst Joer erëm ze gesinn.