A+
A
A-

Ensemble Al Esch-Brill-Grenz – MINI SECOND HAND

08-07-2017

Den 8.Juli huet eisen Service Al Esch Brill Grenz an der Zesummenaarbecht mat der Escher Kannervilla, en Mini Second Hand Maart organiséiert. Verdeelt duerch Nothombstrooss an am Haff vun der Escher Kannervilla sinn 15 Stänn opgeriicht ginn. D’ Léit aus dem Quartier, d’Elteren wéi och d’Kanner aus dem Foyer haten hei d’Geleeënheet hier Artikelen, wéi Gezei fir grouss a kleng, Bicher, Spillsaachen an aner Deko ze verkafen. An enger flotter Ambiance huet een sech d Gegrillts an den Dessert gutt schmaache gelooss, an et huet een de Moment genotzt sech ënnerteneen ze ënnerhalen.

IMG_20170708_122658 IMG_20170708_122603 IMG_20170708_122643 IMG_20170708_111114 IMG_20170708_122617