A+
A
A-

Maisons des Jeunes Leudelange et Bonnevoie – Synergie

07-12-2019

D’Jugendhaiser Leideleng a Bouneweg hunn sech dofir entsched fir hir grouss Kolonie-Projeten eng Synergie opzebauen. D’Jugendlecher vum Jugendhaus Leideleng plangen eng Rees an den USA an d’Jonker vu Bouneweg wëllen op Kanada reesen. Och wann et verschidden Destinatioune sinn, hunn si eppes gemeinsam: ee grouss Ziel erreechen! D’Personal vun den zwee Jugendhaiser probéiert hinnen ze vermëttelen, dat et vill méi einfach an effikass ass, sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen. Vill gemeinsam Aktioune sinn geplangt an déi éischt gemeinsam Bakaktivitéit ass leschte Samschdeg realiséiert ginn. Déi Jonk vu den zwee Jugendhaiser hate vill Spaass um Prozess a hunn massiv vill Kichelcher gebak, déi si deemnächst op de Stroosse vun der Stad verkafen.