A+
A
A-

Maison relais Babbeltiermchen – Bio-tiful Garden Mir planzen Sonneblummen

04-04-2016

All Joër am Fréijoër frëschen mir eisen Bio-tiful Garden op.   Dest Joër hunn mir an der Ouschtervakanz Sonneblumme geplanzt.  All Kand get an dese Projet mat agebonnen. Si kréien gewissen, wéi een eng Blumm planzt an waat een dono alles muss machen, fir dass se gudd wiist.

IMG_2594 IMG_2602

D’Kanner sinn also vun Ufank un dobai.  Fir unzefänken preparéiert d’Sabine an Zesummenarbecht mat de Kanner e puer Bäck mat Buedem dran. Dann kennen d’Kanner d’Sonneblumme-Kären an de Buedem séinen.  D’Sabine begleed d’Kanner bei hieren Handlungen an get hinnen wichteg Informatiounen fir dass si verstinn, waat si do machen.

IMG_2636 IMG_25992$

Subal d’Kären an den Backen gudd verstaut sinn, netze mir de Buedem. D’Blumm brauch Wasser fir kennen ze wuessen.

IMG_2626 IMG_2625

D’Kanner sinn begeeschtert bei desen Aktivitéiten dobai. Verbonnen mat Spass léieren an entweckelen si sech op verschiedenen Ebenen: am kognitive Beraich, am motoreschen Beraich, am soziale Beraich, … Dozou kennt, dass d’Kanner vill dobaussen sinn an der frëscher Loft. D’Kanner kennen sech bei deser Aktivitéit komplett austoben, dass mir eis dobai knaschteg machen, daat ass eis egal.

De Bio-tiful Garden ass ee regelméissege Projet deen am Babbeltiermchen stattfend. Mir planzen nierft de Blummen och Iessbares, wéi Kréider, Aerdbier, Hambier, Kréichelen, … falls d’Schleecken net méi schnell sinn wi mir, kommen mer an de Genoss vun eisem Geséintenen.

Mir freeën eis drop wann d’Sonneblummen bis eraus sinn.