Een Jugendforum ass eng Plattform fir d’Jonker wou sie hir Interessen an Besoins diskutéieren kennen. D’Gemeng Lëtzebuerg organiséiert Forumen mam Objektiv Jonker vun der Stad un d’Demarchen an Konzepter, wou sie betreffen, ze implizéieren. Iddien vun den Jonker ginn notéiert an engem sougenannten Megaforum un d’Responsabelen vun der Politik virgestallt. Verschidden Proposen vun den Jonker ginn realiséiert.