D’Jugendhaus ass een Bildungsraum wou Jugendlecher Opportunitéiten kréien hir Perséinlechkeet ze entwéckelen. D’Offer vum Jugendhaus zielt dowéinst hin dat Ressourcen vun den sozial Raimlechkeeten fir d’Entwécklung vun der Jugend genotzt kennen ginn. Wichteg an dem Kontext ass et dat déi Jonk Eegenverantwortung an Selbstorganisatioun kennen iwwerhuelen. Sou ass virun kuerzem aus engem Büro wou net méi benotzt ginn ass een sougenannten “Chillraum” fir déi Jonk entstan. Déi Meedercher wou dësen Raum kreéiert an dekoréiert hunn, hunn hir individuell Interessen ausprobéiert an no hiren Bedürfnisser gestalten kennen.