A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – And the winner is…

25-10-2021

Zanter 2008 fuerdert d’Parlement européen an d’Fondation du prix international Charlemagne d’Aix-la-Chapelle all Joers erëm Jonker, aus allen EU-Memberstaaten, dozou op, Projeten vun Jonker an fir Jonker eranzereechen. D’Ziel ass, duerch esou Jugendprojeten en aktiven Beitrag zur d’Weiderentwécklung vun Europa bäizedroen.

Fir d’Editioun 20/21 hunn d’Jugendlecher aus dem Jugendhaus Gaasperech hiren Projet „Europe Between The Lines“ eran gereegt : en Projet deen drun erënnerten sollt, dat Europa net nëmmen politesch oder sozial Aspekter matbréngt, mee och räich un Kultur ass.

Bei enger Zeremonie zu Aachen goufen dunn, all Projeten virgestallt. En Representant, Steve Duarte, aus dem Jugendhaus konnt bei der Zeremonie deelhuelen, den Projet virstellen an flott Echanger mat anneren Jugendaarbechter hunn.

D’Jugendhaus Gaasperech huet den Präis fir Lëtzebuerg gewonne. Déi Jonk waren houfereg ob den Erfolleg an hunn mat stolz den Präis am Jugendhaus ugeholl.