A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – D’Halloween-Nuecht zu Gaasperech

31-10-2019

An der Nuecht vum 31 Oktober ass et zu Gaasperech grujeleg hiergaangen. Am Jugendhaus gouf zesummen mat den Jugendlecher eng Halloween-Party organiséiert, déi fir vill Spaass an Grujel gesuergt huet.
Fir der Traditioun gerecht ze ginn, konnten déi Jonk un Halloween Kürbisse ausschneiden an sech dono bemolen. Spéider gouf zesummen gekacht: Zoossiss-Mumien an schwaarz Nuddelen mat bluddeger Zooss.
Am spéiden Owend hunn déi Jonk dunn, un engem groussen Parcours matgemaach. Duerch ganz Gaasperech hunn eng Partie Spiller an Challengen ob déi 3 Gruppen gewaart, déi si mat Bravour gepackt hunn. Als Belounung hunn d’Gewënner eng Schatzkëscht mat lauter Séissegkeeten, Gadgete an Weideres gewonne, déi si schlussendlech mat den aneren gedeelt hunn.
Am Groussen an Ganzen war et en gelongenen Owend ob deen mir eis all och erëm nächst Joer freeën.