A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Workshop élections 2018

12-10-2018

D’Jugendhaus Bouneweg huet ee Workshop iwwert Wahle fir déi Jonk organiséiert. D’Ziel vun dësem Workshop war et de Jugendlecher Politik méi no ze bréngen, andeem si sech mat de verschiddene politesch Themen a Parteien ausernee setzen an sech selwer eng Iddi maache woufir déi eenzel Parteie stinn. Fir et fir déi Jonk sou dynamesch an interessant wéi méiglech ze maachen, gouf dëse Workshop a Form vu Rollespiller/Aktiounstheater realiséiert, wat ganz gutt bei hinnen ukomm ass.