A+
A
A-

Maison des Jeunes Bonnevoie – Nutrition for life

15-04-2019

All zweet Woch gëtt am Jugendhaus zu Bouneweg en Themenowend gemaach. Mir hate schon Thema iwwert vegan Ernierung bezéiungsweis gesond Ernierung, an och e kulturellen Owend wou d´Thema „Portugal“ war.

D´Zil dovun ass ët de Jugendlecher nozelauschteren, Gruppendynamik ze stärken an hier verschidde Meenungen ze valoriséieren, an dass se eegen Erfarungen maache a deele kënnen an sou och een dem aneren Neies bäiléiere kann. Anererseits sinn dës Owender och dofir geduecht Viruerteeler vun anere Kulturen an Natiounen aus der Welt ze schafen an en Abléck an déi verschidde Liewensstyler ze erschafen.