A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Stay Connected

24-10-2019

Stay Connected ass en neien Projet deen dëst Joer an Zesummenaarbecht mam Club Syrdall op Been gestallt gouf. Social Medias wéi Facebook, Snapchat, Instagram an nach vill méi, gehéieren zum Alldag derzou. Net nëmmen déi jonk Generatioun mee och déi méi al Generatioun beweegen sech ëmmer méi an der virtueller Welt. Dëst bréngt leider net nëmmen positiv Saachen mat sech, mee huet och hier Schietsäiten. Dofir huet Jugendhaus mam Club Syrdall zesummen  een gemeinsamen Austausch zweschent Jonk an méi Al organiséiert, wou Jugendlecher hiert Wëssen an hiert Kënnen konnten un déi aner Generatioun wieder ginn. Vill Froen déi opkoumen konnten beäntwert ginn an Ängscht geholl ginn. Als Ofschloss gouf dunn nach Zesummen gekacht an natierlech och giess. 😊