A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Lokale Maart

20-09-2019

Den 1. an 3. Donneschden am Mount fënnt zu Sandweiler beim Zentre Kulturell den lokale Maart statt. Jugendlecher vum Jugendhaus haten Idee fir och um Maart deel ze huelen an sech mam Verkaf vun Taarten an Kuch en puer Frang ze verdéngen fir mat deenen Suen kennen un Aktivitéiten deel ze huelen. Am Fréijoer 2019 gouf des Idee dunn ëmgesat. Den Mëttwoch virum Maart hunn si fläisseg am Jugendhaus frësch Gebäck gemaach. Donneschdes ass et dann op den Maart gaangen, wou Besicher sech konnten vun den Baakkënscht vun den Jonken iwwerzeegen. 😊

Mir soen der Gemeng Sandweiler an dem Portier en groussen Merci fir déi super Zesummenaarbecht.