A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Chrëschtmaart

18-12-2019

Den Chrëschtmaart zu Sandweiler ass fir Jugendhaus well zur Traditioun ginn. Dofir hunn mir och dëst Joer erëm mat Freed dorunner deel geholl. Den Chrëschtmaart stoung ganz Ënnert dem Motto low-waste, sou hunn och all Veräiner probéiert, mat Material ze schaffen, wat en erëm kann benotzen. Gemeng an den Zentre Kulturell hunn den Participanten dofir Material zur Verfügung gestallt. Jugendhaus huet dëst Joer Kéisfondue gemaach. Jugendlecher stoungen déi 2 Deeg laang am Chalet an hunn den Visiteuren hier Kéisfondue verkaf. Sie hunn och nach zousätzlech an der Spull ausgehollef. Mir soen der Gemeng an natierlech och eisen Jonken en groussen Merci fir Organisatioun an Hëllef. 😊