A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – All4One

20-11-2019

Eisen Projet All 4 one, mir sammelen fir en gudden Zweck, hëlt groussen Zoulaf an der Gemeng. Vill Matbierger aus der Gemeng Sandweiler bréngen eis Saachen laascht fir datt mir eis Këschten kënnen fëllen. Den 19. November koum den Schäfferot, Buergermeeschtech Simone Massard-Stitz an hier Schäffen Jean-Paul Roeder an Romain Dumong, an Jugendhaus op Besuch an hunn eis ganz vill flott Saachen iwwerginn fir et den Léit op der Strooss an dëser kaler Joreszäit méi waarm ze maachen.

Mir soen hinnen villmools Merci fir deen léiwen Geste 😊