A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Gender Game

19-09-2019

Jugendhaus Sandweiler huet Ufank September um Gender Game deel geholl. Als Gender bezeechent een net nëmmen dat biologescht Geschlecht, mee och déi gesellschaftlech Rollenzouschreiwungen zu den Geschlechter vun Mann an Fra. Gender Game ass en Gesellschaftsspill, wat erstallt ginn ass vun LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg. D’Spill behandelt déi eenzel Kategorien vun Power, Politik/Bildung, Aarbecht an Sozialgemeinschaft. D’Jugendlecher hunn an Gruppen géinteneen gespillt. Pro Kategorie, wou si drop komm sinn, konnten si eng Kaart mat enger Nummer zéien an déi dozougehéierend Fro ass gestallt ginn. Eng richteg Äntwert gouf een Punkt.

Et war ganz interessant ze héieren, wéi eis Jonker zu den verschidden Thematiken stinn. Si hunn ënnert sech an awer och mat eis Erwuessenen diskutéiert an hier Siicht vun der Thematik geäussert. Bäigeléiert hunn mir natierlech och eppes 😊 Si waren mat vill Spaass an Freed derbäi. En Beispill vun enger Fro ass: Wéini ass Wahlrecht an Lëtzebuerg fir Fraen agefouert ginn?