A+
A
A-

Maison des jeunes Gasperich – Flashmob fir Europa

02-05-2019

D’Editioun 2019 vun der “Journée de l’Europe” fënnt, wéi all Joer, den 9 Mee 2019 ob der Place d’Armes an dem Square Jan Palach an der Stad Lëtzebuerg statt. D’Festivitéiten ginn an der Initiative vun der “Représentation de la Commission européene” zu Lëtzebuerg, déi an Kollaboratioun mat ënner anerem den europäeschen Institutiounen aus Lëtzebuerg, esou ewéi och d’Ambassaden, der Lëtzebuerger Regierung an der Stad Lëtzebuerg organiséiert.

Fir dësen Dag ze zelebréiere realiséiert d’Jugendhaus Gaasperech en Flashmob, an Zesummenaarbecht mat den Jugendlecher aus engem Europäeschen-Austausch, deen sech fir d’Educatioun, d’Formatioun, d’Jugend an de Sport asetzt. Déi 15 Jugendlecher bereeden sech am Kader vum Flashmob mat vill Determinatioun a Spaass vir. Um Treffen, steet allerdéngs net nëmmen de Flashmob, mee och den Austausch an d‘Kennenléieren am Virdergrond.

Et kann een sech also ob en grousst Evenement freeën, bei deem d‘Jugendlecher sécherlech fir Wow-Effekt suerge wäerten.