A+
A
A-

Jugendhaus Gaasperech – Excursioun an den Europapark

13-09-2019

Di zwee Jugendhaiser Sandweiler a Gaasperech hu zesummen een Ausfluch an den Europapark zu Rust an Däitschland organiséiert. Zu 45 Jonker , am Alter vun 12-20 Joer a vu verschidde Nationalitéiten, an 4 Educateuren, sinn mir mat engem Reesbus vu Sales Lentz e Freiden den 13, lassgefuer. Fir di Jonk war et eng Méiglechkeet sëch kënnen iwwert den Daach am Park selwer ze Rescht ze fannen, an dobäi mat hire Frënn am Peer Grupp Spaass ze hunn. Den Daach ass ouni Tëschefäll verlaf, an di Jonk hunn sech ënnerteneen, ob am Bus oder am Park, interkulturell an intergenerationell respektéiert an verstännegt. Eng Aktivitéit, déi a Zukunft gären widderholl ka ginn.