A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – End of season

18-09-2019

Dëst Joer huet Jugendhaus Sandweiler déi éischte Kéier um End of season Event deel geholl. Dësen gouf vun den Jugendhaiser Mutfert, Réimech, Schëtter, Duelem, Cirje an Criaj organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung den Gladiator Run, wou 3 vun eisen Jonken drun deel geholl hunn an och un hier kierperlech grenzen komm sinn. Nieft dem groussen sportlechen Event, konnten déi Jonk sech nach un aneren Atelieren probéieren, wéi Skateborading, Beatboxing, Openmic, an villes méi. D’Wieder huet och matgespillt, sou datt dësen Dag een gelongent sportlech Event war mat vill Spaass an Freed.