A+
A
A-

Maison relais Krounebierg – Eltererestaurant

31-05-2016

Deen 1.Duerchlaf  vun eisem „Eltererestaurant“ (24. an 31. Mee 2016) hat ee grousse Succès…

D’Eltere vun +/-13 Kanner hu sech et net huele gelooss fir ee gemitttlechen Owend an enger flotter Atmosphère am Restaurant vun der Maison relais Krounebierg ze verbréngen.

Si hu sech bei der Begréissung eise Cocktail Maison am Eltereneck schmaache gelooss, währendeems si de Kanner an dem Chefkach bei de Präparatioune vum Iessen nogekuckt hunn.

Vun de Kanner un de flott gedeckten Dësch gefouert, hunn d‘Elteren sech duerno déi verschidde Platen, déi si vun hire Kanner zervéiert kruten, gutt schmaache gelooss.

Wat de Menu ubelaangt haten si folgende Choix:

Entrée:

Salade de scampis aux saveurs asiatiques

oder

Toast aux champignons et son poivre de Cayenne

 

Haaptplat:

Roastbeef sauce béarnaise et sa galette de pommes de terre

et asperges vertes sautées

oder

Filet de dorade sur lit de tagliatelles sautées aux légumes

 

Dessert:

Moelleux au chocolat et sa crème anglaise

oder

Mousse aux fruits rouges des bois

 

Alles an allem ee flotten a gesellegen Owend…