A+
A
A-

Maison relais Diddelfamill – E Fuersveräin mat engem groussen Herz

12-11-2016

Den Diddelenger Fuesveräin d’ Knabbermais feieren dëst Joer hiren 20. Anniversaire.

Bei sou engem lëschtegen Veräin war natierlech eng Gebuertsdagsparty selbstverständlech.

Dese Samschden 12. November huet dëst Fest dann och stattfonnt. Vill Gäscht waren um Rendez-vous an d’ Stëmmung war exzellent.

Ween Gebuertsdag seet, seet och Kaddoen! Hei sinn eis Knabbermais hirer Traditioun trei bliwwen, si maachen en Don un eng aner Associatioun. Dëst Joer haten si sech fir d Diddelfamill decidéiert. Deementspriechend waren mer och invitéiert fir am Virfeld vun der Gebuertsdagsfeier en Don iwwert 1000 € iwwerreecht ze kréien. WoW! 1000 € einfach mol sou geschenkt ze kréien ass nawell exzeptionell.

fullsizerenderMat e puer gebastelten Mercien vun eisen Kanner, hunn mer den Chèque an Empfang geholl. Des Gelder wäerten natierlech fir d’ Kanner agesat ginn, sou dat mer hiren Openthalt hei an der Diddelfamill nach méi sënnvoll verschéineren kennen.

Mer hunn och des Geleeënheet genotzt fir eng Diskussiounsronn iwwert den Benevolat, respektiv sech engagéieren fir anerer, mat eisen Kanner lancéiert. Dat sinn wichteg Messagen déi mer deenen Jonken wëllen mat op den Wee ginn. Eis Gesellschaft brauch engagéiert an responsabel Bierger fir sech weiderhin positiv ze entwéckelen.

Och vun dëser Platz den Knabbermais nach eng Kéier en groussen Merci en häerzlechen Happy Birthday an dass nach vill geckeg Joren dobäi kommen!