A+
A
A-

Ensemble Al Esch Brill Grenz – Cuisinons ensemble, fêtons ensemble

03-01-2018

IMG_1122Fir déi lescht Editioun vun eisem Projet “Cuisinons ensemble” 2017  erfollegräich ofzeschléissen, huet eisen Service zesummen mat den Awunner aus de Quartier’en Al Esch, Brill  a Grenz, ënnert dem Motto “fêtons ensemble”gefeiert. Jiddereen vun den Invitéen huet eng Spezialitéit, aus senger Kultur, vir op eise Buffet matbruecht. Ënnert anerem goufen et Pouletspilons mat frittéierten Gromperen aus dem Cap Vert, aus dem Marokko gefëllten Brick mat Geméis an Thon , awer och Schnittercher an Zaloten souwéi vill aner gutt Kulinaresch Naschelereien . Zesummen zu ronn 20 Leit, ass et sech an enger flotter an angenehmer Atmosphär schmaache gelooss ginn.

Fir den Awunner an  de Participant’en Merci ze soen, fir hir Ënnerstëtzung an d’ Realisatioun vum Projet “Cuisinons ensemble”, huet de Service Ensemble Al Esch Brill Grenz eng kleng Broschür, mat all den Kichecheffen an hiren Rezepter, publizéiert an verdeelt.

Wann och Dir 2018 beim Projet dobäi wëllt sinn, fir mat ze kachen oder an enger flotter Gesellschaft ze iessen, dann mellt Iech iwwer d’ Email      ensemblealeschbrillgrenz@inter-actions.lu 

oder um 621357733.

Déi nächsten Rendez-vous ass den 7.2.2018

IMG_1130 IMG_1123 IMG_1124 IMG_1131 IMG_1126