A+
A
A-

Beats am Jugendhaus In Move

25-04-2017

In Move Beats

 

Wéi all Joer huet dëst Joer nees d’Kollaboratioun mam Foyer Kiem ugefaange. Déi grouss Kanner aus dem Foyer kommen ee Mol d’Woch am Kader vun engem Projet an d’Jugendhaus fir d’Jugendhaus an d’Educateure kennenzeléieren. Sou fält et hinne méi einfach an hirer Fräizäit heihinner ze komme wann se bis am Lycée sinn a net méi an de Foyer ginn.

No der Realisatioun vun engem Kuerzfilm, engem Theaterstéck an engem Comic dréint de Projet vun dësem Joer sech ganz ëm d’Musek. D’Kanner hu Lidder proposéiert déi si gäre lauschteren an den Eric, e jonke Museksproff, huet dës ugepasst fir se kënne mat Perkussiounsinstrumenter, Piano a Bodypercussion ze interpretéieren. D‘Kanner si fläisseg um üben a freeë sech drop geschwënn hier eegen CD opzehuelen an hier Lidder um Summerfest opzeféieren.