Maison des Jeunes Gasperich – D’Halloween-Nuecht zu Gaasperech
An der Nuecht vum 31 Oktober ass et zu Gaasperech grujeleg hiergaangen. Am Jugendhaus gouf zesummen mat den Jugendlecher eng Halloween-Party organiséiert, déi fir vill Spaass an Grujel gesuergt huet. Fir der Traditioun gerecht ze ginn, konnten déi Jonk un Halloween Kürbisse ausschneiden an sech dono bemolen. Spéider gouf zesummen gekacht: Zoossiss-Mumien an schwaarz Nuddelen mat bluddeger Zooss. Am spéiden Owend […]
